PREGNANCY

Bra off - Hair up - Belly out!

 

Awer net well der gemittlech doheem ukomm sidd mee bei mir fir Fotoen ze maachen! Schwangerschaft as di eenzesch Zeit wou ee frou driwer as wann de Bauch emmer mi déck gëtt! An fir dass déi Arennerung fir emmer bleiwt kennt der gären bei mech kommen.

Fir e Schwangerschaftsshooting wier et gudd wann der am 7. oder 8. Mount laanscht kommt fir Fotoen ze maachen fir dass een de Bauch och gudd geseit. De Partner kann selbstverständlech och gären matkommen. Sexy Ennerwäsch därf net feelen falls esou Fotoen erwënscht sin.

Dir kennt selwer wielen ob mer d’Fotoen am Studio oder dobaussen maachen; oder souguer béides. All Idee as wëllkomm an dir kënnt natierlech sou vill Accessoiren matbrengen wéi der wëllt, ob daat eng kleng Suckel as, Babyschingelscher, Ultraschallbild.. alles kann mat ob d’Foto kommen. 

NEWBORN

Bei engem Newbornshooting soll de Puppelchen net méi aal sin wie 2 Wochen. Am bäschten och schon virdrun bueden an nieren / d’Fläsch gin ier et lass geet fir dass de Bebe sech su wuel wie méijlesch fillt. Och ganz wichtesch: him eppes undongen wat net muss iwert de Kapp ausgedongen gin. Och hei kënnt der selbstverständlech wielen ob der bei mech an de Studio kommt oder mer eng aaner Plaaz auswielen wou mer d’Fotoen maachen. Bei ierch doheem, an der Natur, ech probéiren ob all är Wënsch anzegoen.

BABY / KIDS / FAMILY

I wish I had less pictures of my family!

…said no one ever.

 

Genausou as et! Je mehr desto besser, also kommt rouesch laanscht! Subaal ären klenge Butz de Sëtz-Alter erreescht hued an de Kapp scho gudd kann hierwen, dh ongeféier ab dem 4. Mount, kënne mer e Babyshooting maachen. Dir kennt wielen wou mer d’Fotoen maachen, wéi laang de Shooting daueren soll (oder éischter: wéi laang déi Kleng Loscht hun) an wéieng Ideen emgesaat gin! Ob ganz spontan Fotoen am Bësch oder éischter kënschtleresch Fotoen am Studio, dir wielt!

BEAUTY

Mir as et wichtesch, dass mer een entspannt Shooting hun an dass der ierch wuel fillt. Ech wärt ierch vun ärer schéinster Seit fotograféiren! All Shootingsidee soll dir erméijlescht gin fir dass de Wow-Effekt herno sou grouß wie méijlesch as well et gëtt naischt besseres wie de Leit Selbstbewosstsin duerch d’Fotoen ze gin.

SPECIAL IDEAS

Wëllt der duerch de Bësch schwierwen? Am Popcorn buerden? Een Daiwel kussen oder Chanel drenken? 

Dann sidd der bei mir genau richtesch! Wat méi verreckt wat besser, ech si bei all ären Ideen dabei a versichen se su gudd wie méilesch ze realiséiren. 

EVENTS

All Event hued e Grond an eng Botschaft. Mat menger Eventfotografie dokumentéiren ech suwuel d’Veranstaltung an d’Leit wie och d'Stëmmung an d’Emotiounen. D’Reportage hued als Ziel, ärt Event am bäschten Liicht ze weisen an all d’Highlights festzehaalen fir dass der dono di schéinsten Fotoen hudd, déi der privat an och öffentlech benotzen kënnt.

Dir kennt mech fir all Art vun Event buchen: Indoor, Outdoor, bei Daach oder Nuercht, privat, geschäftlesch oder öffentlech wie zum Beispill fir eng Firmefeier, ee Kongress, Nightlife, Vernissage, Kommioun, Daaf, Gebuertsdeech, Hochzeiten an nach vill aanerer.

PRICES

Hun ech ierch fierwazesch gemaach? Fir är individuell Offer kennt der mer gär eng E-Mail iwer main Kontaktformular schreiwen.

Fir en onvergiesslesche Kaddo sin och Gutschäiner erhältlesch.

Ech freen mech iwert är Nooriichten!