MOIEN!
ECH SINN D'KARY.
STORY TELLER
PHOTOSHOP LOVER
SUN SEEKER
A N D U L T I M A T E C H R I S T M A S A D D I C T
Ech sinn eng Vollzäit-Fotografin aus Lëtzebuerg.
Tëscht Fotoshootinger, Events a romanteschen Hochzäiten entsteet mäin Alldag - kreativ, dynamesch, ni langweileg.
Photoshop ass meng Geheimwaff, mat deer ech nei Welten erschafe kann, wou der Fantasie keng Grenze gesat sin.
Elo bass du drun! Erziel mir gär vun all dengen Ideeën.

MÉI IWWERT MECH:
Als selbststänneg Fotografin hunn ech d’Fräiheet, mäi Liewen no mengen eegene Reegelen ze gestalten. Ech si kee Moiesmënsch, mee et mécht mir näischt aus, bis spéit an d'Nuecht meng Biller ze retouchéieren, en Instagram-Post virzebereeden oder u neien Iddien ze schaffen. Ech genéissen et, mech an eng Decken anzewéckelen, Musek oder Podcasts am Hannergrond ze lauschteren, a mech komplett a menger kreativer Welt ze verléieren. Meng Aarbecht ass fir mech méi wéi nëmmen e Beruff - et ass eng Passioun, déi ech mat vill Léift an Opmierksamkeet an all eenzelt Bild leeën. A genau dës Gefiller wëll ech mat dir deelen. Fir mech geet et net nëmmen drëm, dech als Client ze gesinn, mee eng richteg perséinlech Verbindung opzebauen. Ech wëll dech kennen léieren, deng Geschicht verstoen an dech op wichteg Momenter an dengem Liewe begleeden an Erënnerunge fir ëmmer festhalen.



















